Wëllkomm op eiser

Portes ouvertes

Virtuelles

D’Wuert vun der Direktioun

 

Léif Elteren,
léif Schüler,

All Joer stellen d’Schüler, d’Enseignanten, déi verschidde Servicer an Associatioune vum Lycée wéi och den Elterekommitee, an Zesummenaarbecht mat der Direktioun, de Lycée a seng verschidde Facettë bei der Porte Ouverte fir méi wéi 600 Visiteure vir. Méi wéi 300 Schüler an 180 Enseignanten droen op dësem Dag dozou bäi, en Iwwerbléck iwwert d’Infrastrukture vum Lycée a seng Aarbechtsmethoden ze ginn. D’Visiteuren hunn d’Méiglechkeet déi immens vilfälteg Offer vun eisem Lycée kennenzeléieren a bei enger Visite guidée duerch d’Gäng an d’Klassesäll ze trëppelen. All Schüler fënnt am LTMA eng Klass, déi op säi Profil, bei seng Wënsch a bei seng Fäegkeete passt.

Zur kompletter Version vum Wuert vun der Direktioun

Entdeckt…

Eis schoulesch Offer fir d’7e-Klassen

Op der 7e bitt den LTMA den Enseignement secondaire classique (7C) wéi och d’Voie d’orientation (7G) an d’Voie de préparation (7P) vum Enseignement secondaire général un.
Op de Classes inférieures ass eis schoulesch Offer un d’Sproochekenntnisser vun de Schüler, déi bei eis op 7e kommen, ugepasst. Si kënnen déi üblech Klasse wielen oder och eng Klass à régime linguistique renforcé. D’Klasse 7G-FR+ a 7C-FR sinn extra fir Schüler konzipéiert ginn, déi sech méi am Franséische wuelfillen a manner staark am Däitsche sinn, wärend d’7G-LVA+ sech éischter u Schüler riicht, déi ganz gutt am Däitschen a méi schwaach am Franséische sinn. Op de Klassen à régime linguistique renforcé sinn d’Programmer an där Sprooch ugepasst, an där sech d’Schüler am mannste wuelfillen, fir datt si hir Schwächten iwwerwannen an hir Lacunnen opschaffe kënnen.

Fir méi iwwert d’Encadrement vun eise 7ème Klasse gewuer ze ginn

Den Encadrement (aner Klassen)

Ausserhalb vun de Schoulstonne ginn d’Schüler vum Service socio-éducatif a vum SePas betreit. Dës Ekippe setze sech aus Educateur-graduéen, Psychologen an Assistant-sociallen zesummen.
De Service socio-éducatif intervenéiert am Beräich vun der Preventioun an organiséiert edukativ Aktivitéiten am schouleschen a soziale Beräich, wärend de SePas sech ëm d’Orientéierung këmmert an de Schüler an hire Famillen Hëllef a Rotschléi a schwéiere Situatioune bitt.
D’Schüler kënnen och bei verschiddene periscolairen Aktivitéiten a Projete matmaachen, déi de Lycée organiséiert. Dës Aktivitéiten decke vill verschidde Beräicher of, ënnert anerem Sport, Musek, Konscht, Benevolat, Pâtisserie, … an nach vill anerer.

D’Schoulesch Offer - aner Klassen

D’schoulesch Offer vum LTMA ëmfaasst Klasse vum Enseignement secondaire classique, vum Enseignement secondaire général a vun der Formation professionnelle. D’Schüler kënne verschidde Richtungen, Sektiounen oder Formatioune wielen, jee no hiren Interessien an hiren Talenter. Dës vilfälteg Offer erlaabt et de Schüler och sech vill méi einfach nei ze orientéieren, wann dat sech als néideg erweist : well de Lycée Klassen an alle schoulesche Beräicher ubitt, brauch de Schüler de Lycée am Fall vun enger Neiorientéierung net ze wiesselen.
D’schoulesch Offer vum Lycée berücksichtegt och d’sproochlech Kenntnisser vun de Schüler, déi bei eis kommen. Fir dat maachen ze kënnen, organiséiert de Lycée, zousätzlech zu den übleche Klassen, Klassen à régime linguistique spécifique an Insertiounsklassen.
Méi Informatiounen iwwert d’schoulesch Offer vum LTMA fannt Dir, wann Dir op d‘Linken hei drënner klickt.

F.A.Q

Aschreiwunge fir d’7e-Klassen : vum 29. Juni bis den 3. Juli 2020

Fir Äert Kand an den LTMA anzeschreiwen hutt Dir dräi Méiglechkeeten : eng Aschreiwung op der Plaz, per Post oder per Mail.
Aschreiwungen an d’7 C, d’7C FR, d’7 G, d’7 G FR+, d’7 G LVA+ an d’7GIF :
D’Aschreiwungen op der Plaz ginn am Gebai zu Rolleng (LTMA / Avenue de l’Europe, L – 4802 Lamadelaine) gemaach. Vum 29. Juni bis den 3. Juli empfänke mir Iech mat all de Sécherheetsmesuren, déi am Moment néideg sinn. D’Sekretariat steet Iech vu méindes bis freides vun 8 h 00 bis 12 h 00 a vun 13 h 30 bis 16 h 30 zur Verfügung.
D’Aschreiwunge per Post mussen op déi hei Adress geschéckt ginn : B. P. 25 / L-4701 Pétange.
D’Aschreiwunge per Mail mussen op d’Adress inscription7e@ltma.lu geschéckt ginn.
D’Dokumenter, déi Dir bei d’Demande dobäi maache musst :
Fir den Dossier vum Schüler ze completéieren, biede mir Iech déi hei Dokumenter matzeschécken :
• D’Demande fir d’Aschreiwung
• Eng Kopie vun der Decisioun vun der Orientéierung
• Eng Kopie vum Bilan vum Enn vum Cycle 4.2
• Bei Interessi : eng Demande fir eng Case am Lycée ze kréien
• De Formulaire « Autorisation de sortie / prise de photos »
Et ass net néideg eng Passfoto dobäi ze leeën.

Aschreiwungen an d’7 P, d’7 P FR an d’7 P F :
D’Aschreiwungen op der Plaz ginn am Gebai zu Déifferdeng (Rue Pierre Frieden / L-4560 Differdange) gemaach. Vum 29. Juni bis den 3. Juli empfänke mir Iech mat all de Sécherheetsmesuren, déi am Moment néideg sinn. D’Sekretariat steet Iech vu méindes bis freides vun 7 h 30 bis 16 h 30 zur Verfügung.
D’Aschreiwunge per Post mussen op déi hei Adress geschéckt ginn : B. P. 20 / L-4504 Oberkorn.
D’Aschreiwunge per Mail mussen op d’Adress inscription7e.jenker@ltma.lu geschéckt ginn.

D’Dokumenter, déi Dir bei d’Demande dobäi maache musst :
Fir den Dossier vum Schüler ze completéieren, biede mir Iech déi hei Dokumenter matzeschécken :
D’Demande fir d’Aschreiwung
• Eng Kopie vun der Decisioun vun der Orientéierung
• Eng Kopie vum leschte Bilan
• Bei Interessi : eng Demande fir eng Case am Lycée ze kréien
• De Formulaire « Autorisation de sortie / prise de photos »
Et ass net néideg eng Passfoto dobäi ze leeën.

Aschreiwunge fir all déi aner Klassen : vum 20. Juli bis den 22. Juli 2020
Fir d’Klasse 6e bis 1ère ginn d’Aschreiwungen nëmme sur place gemaach.
Vum 20. Juli bis den 22. Juli empfänke mir Iech vun 8 h 00 bis 12 h 00 a vun 13 h 30 bis 16 h 30 mat all de Sécherheetsmesuren, déi am Moment néideg sinn.

Zu Fouss, mam Bus oder mam Zuch. Mat engem Busquai an engem Zucharrêt, deen direkt bei de Schoulhaff féiert, huet den LTMA exzellent Verbindunge mam Schoultransport a mat den ëffentlechen Transportmëttel.

Lundi Mardi Mercredi Jeudi Vendredi
8h10-9h00 X X X X X
9h05-9h55 X X X X X
10h15-11h05 X X X X X
11h10-12h00 X X X X X
12h05-12h55 X* X* X* X* X*
13h00-13h50 X* X* X* X* X*
13h55-14h45 X X X X X

* = 1 Stonn Mëttespaus

D’Cours-d’appuien ginn um 14h50 un, an d’Etudes-surveilléen ginn um 15h00 unn.

D’Schoulgebai ass ab 7h00 fir d’Schüler op, d’Cafeteria mécht hir Dieren um 07h30 op.

Jo. D’Schüler kënne sech an d’Cours-d’appuien oder an d’Etudes-surveilléen, déi no de reguläre Schoulstonnen ofgehale ginn, aschreiwen. Hei gi si vun Enseignanten encadréiert.

Den LTMA bitt vill verschidden Aktivitéiten un, un deenen d’Schüler no hire Coursen deelhuele kënnen. Sproochecoursen (Italieenesch, Spuenesch), Kach- a Bakcoursen, Fotografie- a Gesankscoursen oder och sportlech Aktivitéite si feste Bestanddeel vun der schoulescher Offer vum Lycée.

Jo. D’Schoulreese stelle fir eis e wichtege Bestanddeel vun der Educatioun vun de Jugendlechen, déi eis uvertraut ginn, duer. Duerch d’Reesen an d’Ausflich entwéckele si eng Ouverture d’esprit, Toleranz, Virwëlz, … All Joer gi vum Lycée eng Classe de neige, en Openthalt um Mier an och eng Rees an Éisträich organiséiert. Jee no Demande vun de Schüler gi reegelméisseg Ausflich an europäesch Stied wéi Paräis, Berlin, London oder Barcelona organiséiert.

Jo. Den LTMA benotzt d’Plattform WebUntis, déi et souwuel de Schüler wéi och den Elteren erlaabt, d’Klassebuch online ze consultéieren. All Schüler kritt e Benotzernumm an e Passwuert fir sech ze connectéieren a kann esou d’Aschreiwungen, wéi beispillsweis d’Hausaufgaben oder d’Prüfungen, kucken.

D’Unzuel u Schüler an de Klassen ass ganz variabel. Am Allgemenge sinn ongeféier tëscht 20 a 24 Schüler an enger Klass. A verschiddene Sektiounen a Formatioune kann dës Zuel awer op 10 Schüler erofgoen. Dëst erlaabt et den Enseignantë besser op all eenzele Schüler anzegoen.

Nee. D’Loune vum IPAD kascht 50 € pro Schouljoer iwwert eng Period vun dräi Joer. No dëser Period hunn d’Elteren d’Méiglechkeet den IPAD ze kafen andeems si zousätzlech 70 € bezuelen.

Den IPAD ass bei der Rentrée 2019-2020 op 7C agefouert ginn.

Jo. All Schüler huet d’Recht eng Case ze reservéieren, déi esou no wéi méiglech bei sengem Klassesall läit.

Jo. De Lycée verfüügt iwwert eng Cafeteria, an där d’Schüler moies virun de Coursen a wärend der Moies- a Mëttespaus iesse kënnen. Bis mëttes kréie si do Gedrénks, Mëtschen, Bréidercher, Zaloten a Snacken.
Zousätzlech dozou huet de Lycée eng grouss Kantin, an där d’Moolzechten op der Plaz mat frësche Qualitéitsproduite preparéiert ginn. D’Schüler kënnen tëscht engem Plat du jour, engem vegetaresche Menü oder enger Zalot wielen.

Jo. D’Plate kënnen am Viraus iwwert d’Internetsäit www.restopolis.lu reservéiert ginn.

Jo. Et gëtt esouguer Mikrowellen an der Kantin, déi fir d’Schüler fir d’Opwierme vun hirem Iesse bereetstinn.

  • Ingénierie (GIG)
  • Sciences sociales (GSO)
  • Sciences naturelles (GSN)
  • Professions de santé et professions sociales (GPS)
  • Administration et commerce (GCM)

Jo. Déi hei Formatioune bitt den LTMA un :

  • Installateur chauffage-sanitaire
  • Electricien (section francophone)
  • Peintre – décorateur
  • Agent administratif et commercial
  • Conseiller en vente
  • Commis de vente

Kontaktéiert eis

Hutt dir nach zousätzlech Froen ? Dann zéckt net eis ze kontaktéieren !