08 Mars

Deng Zukunft intresséiert eis

Den 8te Mäerz 2019 invitéiert de Lycée Technique Mathias Adam op seng eeleft Editioun vum projet « Deng Zukunft interesséiert eis ».  

Schüler wäerten heibäi u verschiddenen Atelieren deelhuelen, déi vu Leit aus dem private wéi och aus dem ëffentleche Secteur a vu jonke Membere vun der « Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois » geleet ginn.

D‘Invitéen presentéiren ënner anerem hir Beruffer, méiglech Carrièren, di verschidden Universitéitsstudien a villes anescht.
Weiderhinn gin si de jonke Schüler aus dem LTMA wichteg an nëtzlech Informatiounen a Rotschléi zu der Beruffswelt an der Beruffsastellung weider.

Dëse konstruktiven Austausch erméiglecht de Jonken e wichtegen Abléck an d’Beruffer a si kënne sech doduerch méi konkret Virstellungen zu hirem eegene Beruffswonsch an hirer Zukunft maachen.