22 Oct.

Assemblée générale mini-entreprises 2017-2018

De leschten Dënschdeg, de 16.10.2018 um 17h00 huet d’Assemblée générale de dissolution vun de Mini-entreprisen aus dem Schouljoer 2017-2018, am Festsall vum LTMA stattfonnt.Dëst war de Moment fir zesumme mat den Aktionären e Réckbléck vun den Aktivitéite vun de Mini-entreprisen « Restopoly » an « D’ECO-PAL » ze maachen. Déi zwou Mini-entreprisen hunn en méi oder manner substanzielle Bénéfice realiséiert, den deels als Dividende un d’Aktionäre gaangen ass an deels fir gutt Zwecker gespent ginn ass.

Esou hunn d’Schüler vun der Mini-entreprise « Restopoly » e chèque vun 1.000 € un d’Initiative laine.lu gespent, déi sech fir de Schutz vun de Beien asetzt.

D’Schülerinne vun der Mini-entreprise « D’ECO-PAL » hun ebenfalls en Don vu ronn 1.000 € erwirtschaft, den op 4 d’Pompjeescorpsen aus hiren Heemechtsstied Braga, Vale de Cambra, Ferreira do Zêzere, a Santa Comba Dão opgedeelt gëtt. Dës 4 Stied si vun August bis Oktober 2017 ganz stark vu Bëschbränn getraff ginn, wourop hin d’Meedercher decidéiert hunn fir den Erléis vun hier Aktivitéit als Mini-entreprise un d’Pompjeeën ze spenden.