09 Oct.

Semaine de la santé mentale

Am Kader vun der Semaine mentale, déi vum 7. – 12. Oktober 2018 zu Lëtzebuerg stattfënd, fannen och am LTMA e puer Eventer statt, dëst de 9. Oktober.

Fir Schüler:

  • Mueres huelen eng Rei Schüler am Kader vum Préventiounsforum u Workshops zum Thema Dépressiouspréventioun deel (Elisabeth Seimetz, Psychologin bei der « Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale”).
  • 14h00-16h00 sinn zwee Workshops fir Poetry Slam virgesinn, een op Däitsch mam Luc Spada, een op Franséisch mam Gaëlle Rauche.

Fir Enseignanten/Educateuren/Psychologuen (nët just äus dem LTMA):

  • 15h00-17h00 ass eng Formatioun fir Professioneller (Enseignanten, Educateuren …) zum Thema Suizidpräventioun bei Schüler virgesinn (Christina Scherer, Psychologin bei der “Main tendue”).

Fir jiddereen, och de Grand publique:

  • 17h30-19h00 ass fir de grousse Publique eng Konferenz a Froënronn zum Thema “Digitale Bildschirmmedien: Auslöser vun Verhaltenssüchten, Depression, Angststörungen und Digitalem Burnout bei Kindern und Jugendlichen (Dr. Andreas König, Diplompsychologue a Chef vun “Äusgespillt”) – Däitsch mat Simultaniwwersetzung op Franséisch.
  • Ab 20h00: Poetical Healing mat de 4 international präisgekréinten Teilnehmerinnen Kathrin Wessling, Gaëlle Rauche, Suriya Aisha, Jessy James Lafleur, dat ganzt moderéiert vum Luc Spada an Michael Abdollahi.

Wann dir un engem oder e puer Events dovunner wëllt deelhuelen, mellt iech w.ë.g. sou séier wéi méiglech um Site
http://www.prevention-depression.lu/semaine-sante-mentale/
un.
E Casque zur Iwwersetzung kann een och direkt iwwert de Site bestellen. Et ass demno
e sérieuxen Sujet an zugläich e gudde Moment fir d’Schoul an engem aneren Kontext ze erliewen.