24 Fev.

Envie d’agir

De Projet « Envie d’agir » huet, mat Hëllef vun de Schüler vun der Klass 9TE1-ALL, och dëst Joer fir e gudden Zweck Äppeljus verkaf.

Mam Erléis ginn 2 kleng Welpe vun ASA-hond (Stopp fir e Mupp) finanzéiert, déi spéiderhin als Assistenz-Hënn Persoune mat enger Behënnerung solle begleeden. Am Anhang sinn d’Fotoe vum Nouba a vum Nutella.

Natierlech kann och elo nach jiddereen per Mail (Laurence.Theisen@education.lu) oder Freides vu 14h-15h am Preau bei de Schüler Äppeljus kafen an de Projet weiderhin ënnerstëtzen.